llustratioun
De Nic ass séier fir dëse Projet waarm ginn. D’Erausfuederung war fir de lokale Kontext esou zeréckzeginn, datt d’Kanner hiert bekanntent Ëmfeld erkennen, mä datt d’Biller uspriechend bleiwen a virun allem net ze komplizéiert ginn. Obwuel eng Partie Indikatioune virgi waren, hat hie Carte blanche fir weider Spiichten a Personnagen anzebauen.
Bekannt ass hie ginn duerch seng Illustratiounen am Zack (Jugendzeitung) an den 80/90er, duerch d’Kannerbuchserie ‘Wir entdecken’ (Éditions Saint-Paul), duerch divers Karrikaturen an eise nationalen Dageszeitungen awer och durch de Comicfestival zu Contern. Do sinn eng Partie vu senge Cartoons souguer an d’Ausland verkaft ginn. Weider Participatiounen bei Projetë vum Schoulministère, verschiddene Gemengen awer och ONGen.