Coloratioun
D’Muriel war schnell iwwerzeegt bei dësem Projet matzemaachen an dem Nic seng lëschteg Zeechnungen anzefierwen. Hatt huet sech no sengem Studium zu Bréissel, elo säit 15 Joer als fräischaffend Illustratorin hei ze Lëtzebuerg établéiert. Déi kënschtleresch Disponibilitéit gëtt awer als Mamm vun 2 klenge Kanner, dagdeegelech strapazéiert. Hatt huet sech ee Numm gemaach mat senger ganz eegener Patt. Et huet eng Rei Kannerbicher illustréiert fir divers lëtzebuerger Verläg. Donierft huet et och bei Schoulbicher fir d’Primärschoul mat illustréiert wou een de Lies a fléi kann eraushiewen, ee Recueil mat lëtzebuerger Kannertexter vu lëtzebuerger Auteuren. Et zielt ënnert anerem d’Post, de Naturmusée ma och d’Kannerduerf zu sengen treie Clienten.